New Year’s resolutions - Gutt Virsätz

I’m always glad when the Christmas break is over and I’m able to start the New Year with recharged batteries and a sense of renewed purpose.

Ech sinn ëmmer frou, wann d’Chrëschtdagspaus eriwwer ass an ech dat Neit Joer mat frësch geluedene Batterien an engem neien Elan kann ufänken.

Don’t get me wrong, I love Christmas: there’s a feeling of warmth in the air, the bright and colourful lights during the darkest time of the year bring joy, and let’s not forget about the food I let myself indulge in without regrets!

Verstitt mech net falsch, ech hu Chrëschtdag immens gär: et ass e Gefill vu Wäermt an der Loft, déi hell a faarweg Luuchte während der donkelster Zäit am Joer brénge Freed, a loosst eis net d’Iesse vergiessen, deem ech mech higinn ouni Regret.

It seems fashionable at the moment not to make New Year’s resolutions - at least on my social media timelines. However, I like to make them. They give me a sense of purpose during the year and they motivate me to better myself. No, I don’t keep track of them on a chart or an app, and no, sometimes my goals are not measurable nor well-defined. And yet, I do remember what the most important ones were at the end of the year. It is then that I look back and try to gauge my success. It’s not an exact science by any stretch. I simply like to ask myself whether or not I’m satisfied with my achievements and what I can do better the following year.

Et schéngt am Moment in ze sinn, fir keng Neijoerschdagsvirsätz ze maachen - op mannst bei mir op de Sozialmedien. Mee ech maachen der trotzdem gär. Si weise mer de Wee während dem Joer a si motivéiere mech, fir mech selwer ze verbesseren. Nee, ech verfollegen se net op engem Diagramm oder an enger App, an nee, heiansdo si meng Ziler net miessbar oder richteg definéiert. An trotzdem kann ech mech um Enn vum Joer un déi wichtegst erënneren. Et ass do, wou ech zeréckkucken a probéieren e Gefill fir mäi Succès ze kréien. Et ass beim beschte Wëlle keng exakt Wëssenschaft. Ech froe mech einfach gär ob ech zefridde si mat deem, wat ech erreecht hunn, a wat ech kann d’Joer drop besser maachen.

This New Year, I’m going to get in shape, eat more greens and get rid of distractions while I work. They are not very revolutionary goals but I know they’re realistic and won’t push my stress levels through the roof (I don’t need resolutions to do that for me, I can do that easily by myself).

Dëst Neit Joer ginn ech fit, iessen ech méi Gréngs an eliminéieren ech Oflenkunge wann ech schaffen. Dëst si keng revolutionär Ziler, mee ech weess, dass se realistesch sinn a mäi Stress net zum Iwwerlafe bréngen (ech brauch dofir keng gutt Virsätz, ech kann dat och ganz eleng ouni déi).

For many foreigners living in Luxembourg, a popular New Years resolution is to learn Luxembourgish. If you’re one of them, start your journey with the Learn Luxembourgish book that I’ve specifically written for people who want to teach themselves, without necessarily needing a teacher.

Fir vill Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, ass e beléifte Virsaz, fir Lëtzebuergesch ze léieren. Wann Dir och ee vun deene sidd, fänkt Är Aventure mam Learn Luxembourgish Buch un, dat hunn ech speziell fir Leit geschriwwen, déi sech Lëtzebuergesch selwer wëlle bäibréngen, ouni onbedéngt en Enseignant ze brauchen.

What are your New Year's resolutions for 2019?

Wat sinn Är gutt Virsätz fir 2019?